Individuellen Coaching
All Kierper ass eenzegaarteg an all Trainingsplang ass et och.
Wëllkomm! Et freet mech, dass du hei bass. Meng Aufgab ass et, dech op dengem Wee zu méi Fitness a Gesondheet ze ënnerstëtzen. Egal ob’s du däi Kierper straffen, no enger Verletzung erëm trainéieren oder einfach nëmmen d’Freet un der Beweegung erëmfanne wëlls, den éischten a wichtegste Schrëtt hues du scho gemaach: Du hues dech u mech geriicht. Eppes Neies unzefänken kann de schwéiersten Deel sinn, awer du muss et net eleng maachen. Egal wou’s du ufänks, de Progrès kënnt Schrëtt fir Schrëtt an du wäerts erstaunt sinn, wat’s du erreechen kanns. Looss eis dëse Schrëtt zesumme goen.
All Kierper ass eenzegaarteg an all Trainingsplang ass et och.
Richteg Fitness an konstanten Erfolleg fänken am Kapp un.
Déi richteg Ernärung ënnerstëtzt däin Training mat Brennstoff.
Ech sinn eng engagéiert an zertifizéiert Fitnesstrainerin mat enger A-Lizenz, engem breeden akademeschen Hannergrond a praktescher Erfarung an der medezinescher Fitness. Meng Passioun gëllt dem Fitness- an Ausdauersport, besonnesch dem Triathlon, enger Kombinatioun aus Schwammen, Vëlo fueren a Lafen. Als lizenzéierte C-Level Triathlon Coach bréngen ech souwuel Fachwëssen ewéi och Energie an all Trainingsseance mat an. Niewent dem Triathlon bedreiwen ech och Ski Alpin an Tennis. Ech bidde flexibel, am Viraus festgeluechten Trainingsseancen un a kann direkt bei dech heem kommen, wat de Start vun denger Fitnessrees vereinfacht.
Beweegung ass just een Deel vun der Gläichung. Eng ausgeglachen Ernärung ass genausou wichteg, wann’s du deng allgemeng kierperlech Gesondheet verbesseren wëlls. Déi richteg Ernärung spillt eng Schlësselroll, wann et dorëmmer geet, sech mei staark ze fillen, besser Leeschtung ze erbréngen an bestänneg ze bleiwen. Mäin Usaz ass einfach, realistesch a berout net op restriktiven Iessenspläng, mee op kloer an effektiven Tipps, déi zu dengem Liewensstil passen. Ech ginn dir einfach a nohalteg Ernärungstipps, déi dech op dengem Wee zur Fitness ënnerstëtzen.
Ausgeglach Ernärung
Besser Gesondheet
Mei schnell Resultater
An eiser éischter Seance maachen ech eng detailléiert Bewäertung, fir deng Stäerkten, Grenzen an Zieler ze bestëmmen. Doropshin erstellen ech ee perséinlechen Trainingsplang, deen op däin Tempo zougeschnidden ass an dech realistesch un deng Fitnesszieler eruféiere soll. Egal ob’s du ee private Coaching wëlls oder d’Energie vun enger klenger Grupp preferéiers, meng Approche passt sech ëmmer denge Besoinen a Präferenzen un. Mat enger kompetenter Uleedung an enger perséinlecher Nott bass du ideal equipéiert fir den dauerhaften Erfolleg.
Hues du nach Froen? Kontaktéier mech fir weider Informatiounen oder fir een Termin mat dengem perséinleche Coach ofzemaachen. Fëll einfach de Kontaktformulaire aus oder schéck eng E-Mail un cindy@step2step.lu.